Une question ? Appelez-nous au 46 08 08 - 350

Demokratiebildung am SEA? Wéi ginn ech als Responsabel domat ëm? (FC 19116)

68,00 € / Personne Durée : 8 heures Langues : Luxembourgeois
Dates et lieu

Le 08/02/19 de 09:00 à 17:00
Centre écologique et touristique "Parc Housen"
12 Parc
L-9836 Hosingen

S'inscrire

Contenu

Dës Formatioun riicht sech u  Direktiounen, Chargées de direction, Adjoints, awer och u Leit vun den Träger, oder all Leit déi am Beräich vun de SEA Decisiounen huelen.

Demokratiebildung, Partizipatioun, Engagementförderung funktionéiert just dann, wann Träger an Direktiounen derhannert stinn, an déi Prozesser déi néideg sinn aktiv ënnerstëtzen. Dofir ass et wichteg ze wëssen, wat mer ënnert deene Begrëffer verstinn, wat d’Chancen a wat d’Erausfuerderunge fir d’Equippen an Direktioune sinn.

Inhalte:

1.         Rahmenplan:

  • Lien tëschent dem Thema an dem Rahmenplan

2.         Grondlagen vu Partizipatioun + Dialogwerkstatt:

  • Wat ass Partizipatioun am SEA?
  • Wat bedeit Partizipatioun fir en éducativt Team?
  • Wat mécht den Dialog tëschent Kanner an Erwuessenen esou schwéier?
  • Partizipatioun an Demokratie
  • Partizipatioun a Bildung

3.         Projektpanung:

  • Wat ass dat ?
  • Firwat brauche mer Partizipatiounsprojeeën ?
  • Wéi geet dat ( Zilschrëtt; Meenungsbildungsprozess; Entscheedungen) ?

4.         Verfaassung:

  • Firwat brauche mer eng Verfaassung am SEA/Crèche ?
  • Wat gëtt do festgehale?
  • Wat soll en Team op kee Fall däerfe matentscheeden ?

4.         Gremien:

  • Wéi eng Gremie kann et an engem SEA ginn?
  • Wéi funktionéieren esou Gremien?
  • Wat sollen déi decidéieren?

5.         Wéi eng Hëllefsstellung brauch d’Personal um Terrain vun hire Virgesetzten?

Objectifs

D’Konzept vun der Kinderstube der Demokratie gëtt däitlech a fir Teilnehmer verständlech.

Déi oft verbreete iertemlech Meenung, dass Partizipatioun gläichzestellen ass mat « Elo kënnen d’Kanner maache wat sie wëllen » ass widderluet.

Méthode

  • Powerpoint Presentatioun
  • Diskussioun am Plenum an a klenge Gruppen
  • Praktesch Übungen (fir d’Verständnis ze verbesseren)

Informations supplémentaires

Inklusive Kaffeepausen und Mittagessen

Validation no.2018_10_ANB_76/27

Intervenant

Chris Thill

Educateur gradué, Systemesch Familienaarbecht, Multiplikator vun der « Kinderstube der Demokratie »